Servicer “Proximitéit & soziale Lien”

Service “d’Seechomes” & Service “déi kleng Seechomes”

D’Servicer, déi vun eisen Organisatioune geleescht ginn, favoriséieren de soziale Lien andeems se lokal Opträg ubidden.

Mir äntwerten op d’Ufroe vun Awunner vun de Partner-Gemengen:

  • Eenzelpersounen oder Koppelen (+60 Joer).
  • Persounen, déi en zertifiéierten Handicap hunn (ouni Altersbegrenzung).
  • Persounen, déi hospitaliséiert sinn oder eng Période de repos brauchen.
  • Elengerzéiend Pappen oder Mammen, mat minimum engem Kand (-12 Joer).
  • Persounen, déi vum Schäfferot an/oder vum Office social recommandéiert goufen.

D’Offer vun de Servicer d’Seechomes

  • Gaardenaarbecht
  • Recyclage
  • Entretien & Raumaarbechten
  • Kleng Renovatiounen
  • Mobilitéit
  • + “Wantersaison”: Schnéischëppen, Schneiden & Stockage (Brennholz) …

D’Servicer vun “d’Seechomes” funktionéiere vu méindes bis freides, vun 8:30 bis 16:00 Auer, op Rendez-vous. En Asaz bei engem Notzer dierf net méi laang dauere wéi 4 Stonnen/1 Rdv/Woch.

D’Tax, déi a Rechnung gestallt gëtt läit bei: (CIGL Strassen a.s.b.l.) 12 Euro ouni TVA/Aarbechter/Stonn. (CIGL Kopstal a.s.b.l.) 11 Euro ouni TVA/Aarbechter/Stonn. D’Benotze vun de Maschinne gëtt berechent mat 3 Euro ouni TVA/Maschinn/Stonn. D’Trajeten, déi fir en Asaz gemaach ginn, si gratis. De Service “Schnéischëppen” gëtt berechent mat 8,50 Euro mat TVA/1 Asaz (am Präis abegraff sinn d’Aarbecht, d’Material, dat benotzt gëtt, an d’Salz).

D’Offer vun de Servicer déi kleng Seechomes

  • Haushaltshëllef fir Privatberäicher & Banneraim
  • Personaliséiert Hëllef (Spadséiergang mat engem Hausdéier, Virliese vun Zeitungen, administrativ Hëllef …)
  • Hëllef zur Mobilitéit: medezinesch Begleedung / Rendez-vous beim Dokter, Akeef

D’Equipe “déi kleng Seechomes” geet an op all punktuell oder regelméisseg Ufro. (max. 4 Stonnen/Woch/Notzer).

D’Tax, déi a Rechnung gestallt gëtt läit bei 12 Euro ouni TVA pro Persoun am Asaz a pro Stonn. D’Benotze vun de Maschinne gëtt berechent mat 3 Euro/Maschinn/Stonn. D’Trajeten, déi fir en Asaz gemaach ginn, si gratis.

Zéckt net, fir eis ze kontaktéieren! Mir sichen zesummen eng Léisung.

Tel. 26 10 35 19 (CIGL Koplescht) oder Tel. 26 30 21 19 (CIGL Stroossen)

Fir all gréisser Aarbechte biede mir Iech, lokal Entreprisen ze kontaktéieren.