Briddeler Bicherbeem

D’Integratiounskommissioun vun der Gemeng Koplescht huet d’BRIDDELER BICHERBEEM gegrënnt: “dräi Bicherbeem an deenen ee Bicher a verschiddene Sproochen a fir ënnerschiddlech Altersklasse fënnt. Dir kënnt se op der Plaz liesen oder se mat heem huelen! Dir kënnt och en Don aus Ärer Bibliothéik un aner Lieser maachen, andeems Dir se einfach an eng vun de Këschte vun de Bicherbeem leet.”

  • Partner: d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Koplescht, de Service Technique vun der Gemeng Koplescht.
  • Ënnerstëtzung: de Schäfferot vun der Gemeng Koplescht
  • Ëmsetzung: CIGL KOPSTAL a.s.b.l. mat engem Konzept, dat de Prinzipie vum Öko-Bau entsprécht.

D’Briddeler Bicherbeem sinn eng ästhetesch Weiderféierung vun de virdrun ëmgesate Projete vun eiser sozialer Initiative, CIGL Kopstal a.s.b.l., zum Beispill mat Referenz op d’Ëmsetzung vum ökologesche Schoulhaff vu Kopstalschoulen (2009): Benotze vun Naturholz, Element vun der Weiderverwäertung …

(Projet säit 2014)