
Eis sozial Initiativë schafen a fabrizéieren Alldagsobjeten. Si sollen d’Servicer, déi vun eis iwwer d’ganzt Joer entwéckelt goufen ergänzen. Dës Aktivitéit erméiglecht et, mat Kënschtler & Designer zesummen ze schaffen, déi op partizipativ Aart a Weis mat eisen Equippen eenzegaarteg an ökologesch-verantwortungsvoll Kollektiounen ausschaffen.
Philosophie
- Designobjet fir den deegleche Gebrauch, fir jiddereen
- Originell Kreatiounen
- Beherrsche vum ganzen Hierstellungsprozess, vum Entworf bis zur Distributioun vum fäerdege Produit
Ethesch Demarche
- Benotze vun heemeschen an ökologesch-verantwortungsvolle Materialien: Recycling, Zertifizéierung (PEFC, FCS)
- Lokal Versuergung
- Erhalen a Valoriséierung vun Know-how
- Bäitrag zur Sozial- a Solidarwirtschaft