Presentatioun

C.I.G.L. = Centre d’Initiative et de Gestion Local

D’Centres d’Initiative et de Gestion Local (CIGL) STRASSEN a KOPSTAL sinn Associatiounen ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.) mat der Vocatioun fir sozial Initiativen. Fir anzegoen op ëffentlech-politesch Enjeuen vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, nom Gesetz vum 3. Mäerz 2009 zum “Rétablissement du Plein Emploi”, probéiere CIGL Strassen a.s.b.l. a CIGL Kopstal a.s.b.l. eppes bäizedroen zu de sozio-professionelle Problematiken an dem Zougang zum Aarbechtsmaart. De CIGL Stroossen an de CIGL Koplescht entwéckelen eng sozio-ökonomesch Approche, déi de Besoine vum Territoire entsprécht. Eis Organisatioune sinn op déi Manéier enk mat de Gemengeverwaltunge verbonnen, an deene mir schaffen.

CIGL Strassen a.s.b.l. a CIGL Kopstal a.s.b.l. verdeedegen en ökonomesche System, deen sech ëm méi Solidaritéit a Gerechtegkeet beméit. Am Kader vu Projete vu gemeinschaftlechem Interêt entsti folgend Ziler:

  • d’Liewensqualitéit vun de Bierger verbesseren
  • de soziale Lien erëm hierstellen
  • nei Aarbechtsplaze schafen
  • de Patrimoine fërderen

CIGL STRASSEN a.s.b.l. gouf de 24. Juni 2003 gegrënnt.

CIGL KOPSTAL a.s.b.l. gouf de 6. November 1998 gegrënnt.

Membere vun der ULESS (Union Luxembourgeoise d’Economie Sociale et Solidaire) zënter Juli 2014.

(Memberen am Reseau Objectif Plein Emploi bis zu senger Opléisung am Mee 2013)

cigl-strassen-kopstal-en-chiffres