D’Koordinatiounszell (Cellule de Coordination – C.C.)

Fir den Ziler, déi festgeluecht goufe vun de respektive C.A. vu CIGL STRASSEN a.s.b.l. a vu CIGL KOPSTAL a.s.b.l. ze entspriechen, esou wéi den Obligatiounen, déi duerch Statuten a Konventioune virgi sinn, den Erwaardunge vun de Salariéen, déi an enger “Mesure d’emploi spécifique” sinn an der Zefriddenheet vun den Notzer, gëtt den Encadrement am Alldag vun der Koordinatiounszell (C.C.) ënner der Leedung vun enger “Coordinatrice Générale” (C.G.) geséchert.

Zesummen erschaffen déi respektiv Verwaltungsréit an d’Coordinatrice Générale eng global Strategie. D’C.G. erstellt esou op Basis vun Analysen a konkrete Studien sozio-ökonomesch Projeten. D’C.G. këmmert sech ëm d’Valorisatioun bei den nationalen an europäesche Partner vun der Rechtméissegkeet vun eise sozialen Initiativen. D’Ëmsetzung iwwerhuelen d’Membere vun der Koordinatiounszell. D’Coordinatrice Générale dréit déi lescht Responsabilitéit vun alle Mesuren, déi vun der C.C. geholl ginn.

D’Personal vun der Koordinatiounszell sinn Interlocuteuren, déi engagéiert ginn, fir de sozio-professionelle Suivi vun de Salariéë mam Zil vun enger sozialer Aglidderung, a gläichzäiteg fir d’Interesse vun der lokaler Populatioun a vun der Gemengeverwaltung. Zesummen entwéckelen si eng professionell Demarche, déi vun de Wäerter vu der Sozial- a Solidarwirtschaft inspiréiert ass.

 

En cours de réactualisation